• Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

APEMH Summerfest um Escher Nossbierg

D’APEMH freet sech Iech op hiert traditionellt Summerfest um Nossbierg ze invitéieren, dat dëst Joer Samschdes, de 14. Juni vun 11 bis 18 Auer stattfënnt.

Programm vum Dag

  • 11:00 – 14:00  |  Rallye mat verschidde Sportsatelieren accessibel fir JIDDEREEN, organiséiert vu Special Olympics Lëtzebuerg
  • 11:00 – 14:45  |  Optrëtter vu verschidde Museksgruppen an Talent-Show vun „Nossbierg sucht das Super-Talent”
  • 15:00 – 18:00 DISCOTISME, eng Disco fir JIDDEREEN, organiséiert vun Autisme Luxembourg a.s.b.l.
  • De ganzen Dag iwwer Iessen, Gedrénks, Kreativatelieren fir Grouss a Kleng, Verkafsstänn, Tombola, a villes méi…

Och dëst Joer fënnt eist Fest ënnert dem Motto „Green Events” statt.

Follgend Mesurë sëtze mir dofir ëm:

  • regional, lokal a biologescht Iessen a Gedrénks: Geméis aus dem Lampecher Gaart, Fleesch aus den Ateliere vun der APEMH. Mir bidden och vegetaresch Plat’en un
  • d’Benotze vu Mehrwegbesteck a – bechere fir d’Iessen an d‘Gedrénks
  • Flyeren, Tombolaslousen, Zerwéiten aus recycléiertem Pobeier
  • eng bewosst Offalltrennung
  • Verzicht op Verdeele vun Einweg- Gadgete vun eise Partner a Sponsoren un eis Visiteuren
  • d’Erreechbarkeet vun eisem Fest mam ëffentlechen Transport mam Bus N°5 vun der Escher Gare (www.mobilitéit.lu) an d’Organiséiere vun enger Navette vum Parking Aloyse Meyer (hannert dem Cactus Lalleng um Boulevard Aloyse Meyer) vun 10:30-18:45 Auer
  • Dekoratioun hiergestallt an eisen Atelieren
  • Bréngt Är eege Kierf mat, fir Är Akeef an Är Tombolasgewënn

Adress: 1A, route de Rumelange | L-4309 Esch-sur-Alzette (Plan d’accès)

Wann dir eis wëllt mat engem Don ënnerstëtzen, da kënnt dir dat gären hei maachen: FAIRE UN DON

Flyer – APEMH Summerfest 2025

A Collaboratioun mat: Special Olympics Luxembourg, Discotisme vun Autisme Luxembourg a.s.b.l., Vespa Club No Limits Esch a.s.b.l. an Dunia Green – Compléments alimentaires et cosmétiques naturels

Details

Datum:
14. Juni 2025
Uhrzeit:
11:00 - 18:00
Download :
Flyer - APEMH Summerfest 2025

Organisator

APEMH
Telefon:
(+352) 37 91 91-1
E-mail:
info@apemh.lu

Ort

APEMH – Centre Nossbierg
1A rue de Rumelange
L-4309 Esch-sur-Alzette
Luxembourg
Google Karte anzeigen
MEINEM KALENDER HINZUFÜGEN