D’APEMH freet sech Iech op hiert traditionellt Summerfest um Nossbierg ze invitéieren, dat dëst Joer Samschdes, de 14. Juni vun 11 bis 18 Auer stattfënnt.
Programm vum Dag
- 11:00 – 14:00 | Rallye mat verschidde Sportsatelieren accessibel fir JIDDEREEN, organiséiert vu Special Olympics Lëtzebuerg
- 11:00 – 14:45 | Optrëtter vu verschidde Museksgruppen an Talent-Show vun „Nossbierg sucht das Super-Talent”
- 15:00 – 18:00 | DISCOTISME, eng Disco fir JIDDEREEN, organiséiert vun Autisme Luxembourg a.s.b.l.
- De ganzen Dag iwwer Iessen, Gedrénks, Kreativatelieren fir Grouss a Kleng, Verkafsstänn, Tombola, a villes méi…
Och dëst Joer fënnt eist Fest ënnert dem Motto „Green Events” statt.
Follgend Mesurë sëtze mir dofir ëm:
- regional, lokal a biologescht Iessen a Gedrénks: Geméis aus dem Lampecher Gaart, Fleesch aus den Ateliere vun der APEMH. Mir bidden och vegetaresch Plat’en un
- d’Benotze vu Mehrwegbesteck a – bechere fir d’Iessen an d‘Gedrénks
- Flyeren, Tombolaslousen, Zerwéiten aus recycléiertem Pobeier
- eng bewosst Offalltrennung
- Verzicht op Verdeele vun Einweg- Gadgete vun eise Partner a Sponsoren un eis Visiteuren
- d’Erreechbarkeet vun eisem Fest mam ëffentlechen Transport mam Bus N°5 vun der Escher Gare (www.mobilitéit.lu) an d’Organiséiere vun enger Navette vum Parking Aloyse Meyer (hannert dem Cactus Lalleng um Boulevard Aloyse Meyer) vun 10:30-18:45 Auer
- Dekoratioun hiergestallt an eisen Atelieren
- Bréngt Är eege Kierf mat, fir Är Akeef an Är Tombolasgewënn
Adress: 1A, route de Rumelange | L-4309 Esch-sur-Alzette (Plan d’accès)
Wann dir eis wëllt mat engem Don ënnerstëtzen, da kënnt dir dat gären hei maachen: FAIRE UN DON
A Collaboratioun mat: Special Olympics Luxembourg, Discotisme vun Autisme Luxembourg a.s.b.l., Vespa Club No Limits Esch a.s.b.l. an Dunia Green – Compléments alimentaires et cosmétiques naturels
