De Kalenner ass e pädagogescht Hëllefsmëttel, dat d‘Strukturéierung, d‘Planung an d‘Participatioun am berufflechen Alldag, mee och an der Fräizäit ënnerstëtzt – mam Faarf System fir d‘Wochendeeg aus dem POINT-System.
Ursprénglech fir d’berufflech Formatioun vun eise betreite Mataarbechter bei der APEMH entwéckelt, gëtt de Kalenner mëttlerweil a ville Strukturen a Lëtzebuerg agesat.
D‘Bestellunge kënnen iwwert eisen Online-Formular gemaach ginn.
Eenzel Kalennere kënne vum 1. Dezember un och an eise Butteker an Zäre kaf ginn.
Präis: 10 €
Fir all weider Froe sti mir Iech gären zur Verfügung:
E-Mail: info@point-project.net
