Den neie POINT-Kalenner fir d’Joer 2026 kann ab elo bestallt ginn

Publié : 28.10.2025

De Kalenner ass e pädagogescht Hëllefsmëttel, dat d‘Strukturéierung, d‘Planung an d‘Participatioun am berufflechen Alldag, mee och an der Fräizäit ënnerstëtzt – mam Faarf System fir d‘Wochendeeg aus dem POINT-System.

Ursprénglech fir d’berufflech Formatioun vun eise betreite Mataarbechter bei der APEMH entwéckelt, gëtt de Kalenner mëttlerweil a ville Strukturen a Lëtzebuerg agesat.

D‘Bestellunge kënnen iwwert eisen Online-Formular gemaach ginn.

Eenzel Kalennere kënne vum 1. Dezember un och an eise Butteker an Zäre kaf ginn.

Präis: 10 €

Fir all weider Froe sti mir Iech gären zur Verfügung:
E-Mail: info@point-project.net

 

Search

+