Wat ass schonn „Normal“?! – Journée de l’inclusion zu Bartreng

Veröffentlicht : 28.04.2025

De 27. Abrëll huet d’APEMH mat engem Informatiounsstand un der « Journée de l’Inclusion, zum Thema – Wat ass schonn Normal ? » zu Bartreng deelgeholl.

Eise Stand huet d’Geleeënheet gebueden, eis Wunnangeboter, eis Servicer esou wéi eis Aarbecht an eis Wäerter de Leit méi no ze bréngen. Unhand vun Informatiounsmaterial an duerch perséinlech Gespréicher konnt flotten Austausch stattfannen.

E grousse Merci der Gemeng Bartreng fir d’Aluedung an déi gelongen Organisatioun awer och un d’Visiteuren, déi Intressi un eisem Stand gewisen hunn.

Search

+