Andréck vun de Lampecher Event Days 2026

Veröffentlicht : 28.07.2026

Freidesowes hunn d’Lampecher Event Days 2026 mat engem spannende Krimi-Dinner ugefaangen. Samschdes stoung de Familjendag um Programm, mat villen Aktivitéiten an enger flotter Ambiance fir Grouss a Kleng.

Trotz de ganz héijen Temperaturen, déi sech och op d’Zuel vun de Visiteuren ausgewierkt hunn, konnten déi, déi de Wee op Lampech fonnt hunn, e schéinen Dag mat flotte Begéinungen an enger gemittlecher Atmosphär genéissen.

E grousse Merci geet un all d’Visiteuren, d’Participanten an un all déi, déi mat hirem Engagement dozou bäigedroen hunn, datt dëse Weekend e Succès gouf.

An eiser Fotogalerie fannt Dir e puer Andréck vun de Lampecher Event Days 2026.

Krimi-Dinner

Familjendag

Search

+