„Prix de l’inclusion numérique 2024“

Veröffentlicht : 03.07.2024

Den 20. Juni krut d’APEMH de „Prix de l’inclusion numérique“ iwwerreecht fir säi Projet „Digital Toolbox“.

An dësem Projet geet et drëms den Opbau an d’Realisatioun vun enger inklusiver digitaler Toolbox fir a mat Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung ze gestalten.

Des Toolbox soll eng Selektioun u prakteschen Applikatiounen an Outilen ëmfaassen, déi hëlleft den Alldag méi einfach ze maachen a sech besser ze organiséieren.

Zum Beispill :

  • säi Kalenner a seng Finanze geréieren,
  • den ëffentlechen Transport notzen,
  • seng Stäerkten a Ressource kenneléieren.

An dëser gemeinsamer Aarbecht ginn des Applikatiounen an Outilen erausgesicht, getest, evaluéiert a fir aner Léit op eiser Lern-Plattform am nächste Joer zur Verfügung gestallt.

De Projet gëtt ennerstëtzt vum Ministère de la Digitalisation.

Artikel vum Ministère de la Digitalisation

Video – Projet Digital Toolbox

Search

+