Innovativ Léisungen fir onofhängegt Wunnen: Erfarungen a Perspektiven aus Nazaré

Veröffentlicht : 08.05.2025

Am Kader vum Projet „Housing Solutions for Independent Living”, dee vun der Commission européenne ënnerstëtzt gëtt, hunn sech di 7 Partneren aus Italien (Open Group), Spuenien (Ampans), Portugal (Cercina), Finnland (Live), der Belge (Arfie, Housing Europe) a Lëtzebuerg (APEMH) enn Abrëll nees zesummefonnt fir iwwer méiglech technesch an digital Outilen, déi een autonoomt Liewe kéinten erliichteren, ze diskutéieren.

D’Treffen huet zu Nazaré a Portugal stattfonnt an nieft Visitte vu Wunnstrukturen a Präsentatiounen iwwert Konzepter an technesch Hëllefsmëttelen am Wunnberäich konnten och zwee vun eisen Usageren hier Realitéite verzielen. Dobäi hu si d’APEMH virgestallt a vun hiren Erfarunge mat Apps an techneschen Hëllefsmëttele geschwat.

Mir bedanken eis bei all eise Partneren an insbesonnesch bei CERCINA, déi de Workshop organiséiert hunn.

Search

+