Dësen inklusive Projet ass vum Citymanagement vun der Gemeng Klierf zesumme mat der ASBL Kopla Bunz op d’Bee gestallt ginn. Drun deel geholl hunn eise Service Soutien vun Esch, de Service CARR Nord, d’Bewunner aus dem Cliärwer Haus an d’Usageren aus dem SAJ Klierf. Mir hunn Dekoratioune realiséiert an hunn dierfen d’Visiteuren als Guide um Site vum Schlass begleeden. Et war ee ganz flotten Event.









