Saisonal Geméiskëscht vum Lampecher Gaart

Veröffentlicht : 08.05.2026

Saisonal Geméiskëschte vum Lampecher Gaart 🌱

Vum 8. Mee bis Mëtt Oktober bitt de Lampecher Gaart all Woch eng frësch a saisonal Geméiskëscht un. 🥕 🍅 🧅

An all Këscht fannt dir mindestens 5 verschidden Zorte Geméis oder frësch Kraider. Ideal fir all déi, déi Wäert op regional Produkter, saisonal Kichen a frësch Geméis aus Lëtzebuerg leeën.


D’Geméiskëscht kann all Freideg am Buttek ofgeholl ginn.

Dir kënnt:

  • eng eenzel Këscht bestellen
  • oder en Abo vun 10 Këschten maachen

Präis:
🥕 22€ pro Geméiskëscht


Interesséiert?

Da mellt iech einfach beim Lampecher Gaart fir méi Informatiounen oder fir är Geméiskëscht ze reservéieren.

📞 Tel: 28 56 08 230

Search

+