Haut de Moien huet den Ekrem säin Aarbechtskontrakt am AIP (Atelier d’Inclusion Professionnelle) zu Lampech bei der APEMH ënnerschriwwen.
Hie fänkt domat seng Aarbecht am AIP un an ass de 500. Mataarbechter.
Fir den Ekrem ass dësen Dag en neien Ufank.
Mir wënschen him vill Erfolleg a Freed op sengem beruffleche Wee.
