APEMH beim KonschTour 2025 zu Veianen – Mir waren dobäi!

Veröffentlicht : 10.06.2025

Dëst Joer hu mir fir d’éischte Kéier matgemaach beim KonschTour zu Veianen an Ëmgéigend – an dat mat oppenen Dieren am Sall vun der aler Schräinerei, deen Deel vun eisem Wunnkomplex Veianen ass.

Dräi talentéiert Kënschtler hunn hir Wierker bei eis ausgestallt, an nieft der Konscht war et fir vill Visiteuren och spannend ze entdecken, wat aus der fréierer Schräinerei ginn ass – a wéi se haut vun der APEMH genotzt gëtt.

Mir hu vill positive Feedback kritt, vill interesséiert Gespréicher gefouert an eis Offere konnten op eng flott a lieweg Aart gewise ginn. Et war eng super Geleeënheet, fir eis an der Gemeng ze weisen a Verbindungen ze stäerken.

E grousse Merci un d’Organisateuren an d’Kënschtler – mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun!

 

Search

+