Mir waren um Jugendfestival Mëttendran!

Veröffentlicht : 21.07.2026

E Samschdeg den 11. Juli war d‘JugendLokal an den Zentrum fir Selbstbestëmmt Liewen zesummen um Jugendfestival Mëttendran, organiséiert vum SNJ.

Op eisem Stand hu mir Kichelcher a Mocktails verdeelt.
Si ware ganz beléift, an et hu vill Leit bei eis laanscht gekuckt.

Déi Jonk hunn och bei ville flotten Aktivitéite matgemaach.
Si hu Graffiti gesprëtzt, Breakdance ausprobéiert a nach vill aner Saachen entdeckt…

De Festival war och eng flott Geleeënheet, fir aner Jugendhaiser, Organisatiounen a Jonker kennenzeléieren.

Et war e schéinen Dag mat vill Spaass, flotte Begéinungen an neien Erfarungen.
Merci un d’Organisateure fir dëse schéine Festival an un all déi, déi bei eis laanscht komm sinn.

Mir freeën eis schonn op d’nächst Kéier!

Search

+