Léift, Bezéiungen a Sexualitéit: E Recht fir jiddereen

Veröffentlicht : 16.10.2026

Den 8. Oktober huet am Centre Culturel zu Bouneweg en Informatiouns- an Austauschowend zum Thema „Vie affective et sexualité“ stattfonnt. D’Evenement gouf vun APEMH Parents et Familles, Ligue HMC, Tricentenaire an Info-Handicap organiséiert.

D’Zil war ze weisen, datt och Mënsche mat enger Beanträchtegung e Recht op Léift, Bezéiungen a Sexualitéit hunn.

Mat Temoignagë vu betraffenen Leit, Virtreeg vu Professionellen, an Informatiounsstänn vun enger ganzer Rei vun Acteuren aus dem soziale Secteur ass de Sujet „Vie affective et Sexualité” vu Leit mat Beanträchtegung behandelt ginn.

Den Atelier ISIE vun der APEMH huet e grousse Bäitrag geleescht. D’Mataarbechterinnen an d’Mataarbechter hunn d’Temoignagë opbereet, mat Ënnertitele ergänzt a fir eng Presentatioun visuell gestalt.

Zesumme mat Elisabeth Handicap an der Ligue HMC huet d’APEMH erkläert, wat alles zur Sexualitéit gehéiert, a wéi eng Ënnerstëtzungsangeboter et gëtt. Dës Hëllefen erlaben et Mënsche mat enger Beanträchtegung, hiert Recht op Selbstbestëmmung och am Beräich vum Gefills- a Sexualliewen auszeliewen.

Search

+