De 16. Abrëll krut d’APEMH ee Scheck vum Rotary Bascharage-Kordall iwwerreecht.
Am Kader vun dëser Scheck-Iwwerreechung, huet Personal zesumme mat de Mataarbechter eng flott an interessant Visitt fir de Rotary vum Site Lampech gemaach. Mat dëse Sue gëtt am Atelier zu Lampech a Co-Produktioun e flotten artistesche Projet realiséiert.
Mir soen dem Rotary Bascharage-Kordall e grousse Merci.




