Benevole gesicht fir eist Summerfest, de 4. Juli um Site Nossbierg

Veröffentlicht : 07.04.2026

Fir datt dësen Dag onvergiesslech gëtt, siche mir engagéiert Leit fir eis eng Hand mat unzepaken.

Wou?
Summerfest um Site Nossbierg

Wéini?
Den 4. Juli 2026

Wat kanns du maachen?

  • Op- an Ofbau
  • Spillstatioune betreien
  • Gäscht betreien
  • Aner spannend Aufgaben

Wat erwaart dech?

  • E frëndlecht Fest mat Musek, Spiller a gudder Laun
  • Abléck a sozialen Engagement, Inklusioun an Teamaarbecht
  • Iessen a Gedrénks

Wien ka matmaachen?

Jidderee ka matmaachen, dee motivéiert ass a sech fir eng gutt Saach wëll asetzen.

Interessi oder Froen?

Mellt Iech bis spéitstens 15. Mee 2026 beim Tanja Heitz per Mail:
tanja.heitz@apemh.lu

Mir freeën eis op Iech an ären Engagement – zesumme maache mir d’Summerfest zu eppes ganz Besonneschem!

Video vum Summerfest 2025

Mat häerzleche Gréiss,
D’Organisatiounsteam vum APEMH Summerfest

Search

+