Um Feierdag vum 9. Mee gouf et eng lecker Iwwerraschung fir dat ganzt Personal an d’Bewunner vum Nossbierg: D’Schung- Geschäft Three 52 vun der Cloche d’Or huet an Zesummenaarbecht mat der Pizzeria Impasto fir eng besonnesch Aktioun gesuergt an d’Leit um Nossbierg mat gratis Pizzaen beliwwert.
D‘Personal, souwéi d’Bewunner vum Nossbierg, hunn sech immens iwwer dëse Geste gefreet.
E grousse Merci un den Three 52 an d’Pizzeria Impasto fir dës flott Initiativ an hiert generéist Engagement!
