Summerfest um Escher Nossbierg de 14. Juni 2025

Veröffentlicht : 12.06.2025

D’APEMH freet sech Iech op hiert traditionellt Summerfest um Nossbierg ze invitéieren, dat dëst Joer Samschdes, de 14. Juni vun 11 bis 18 Auer stattfënnt.

Programm vum Dag

  • 11:00 – 14:00  |  Rallye mat verschidde Sportsatelieren accessibel fir JIDDEREEN, organiséiert vu Special Olympics Lëtzebuerg
  • 11:00 – 14:45  |  Optrëtter vu verschidde Museksgruppen an Talent-Show vun „Nossbierg sucht das Super-Talent”
  • 15:00 – 18:00 DISCOTISME, eng Disco fir JIDDEREEN, organiséiert vun Autisme Luxembourg a.s.b.l.
  • De ganzen Dag iwwer Iessen, Gedrénks, Kreativatelieren fir Grouss a Kleng, Verkafsstänn, Tombola, a villes méi…

Och dëst Joer fënnt eist Fest ënnert dem Motto „Green Events” statt.

Follgend Mesurë sëtze mir dofir ëm:

  • regional, lokal a biologescht Iessen a Gedrénks: Geméis aus dem Lampecher Gaart, Fleesch aus den Ateliere vun der APEMH. Mir bidden och vegetaresch Plat’en un
  • d’Benotze vu Mehrwegbesteck a – bechere fir d’Iessen an d‘Gedrénks
  • Flyeren, Tombolaslousen, Zerwéiten aus recycléiertem Pobeier
  • eng bewosst Offalltrennung
  • Verzicht op Verdeele vun Einweg- Gadgete vun eise Partner a Sponsoren un eis Visiteuren
  • d’Erreechbarkeet vun eisem Fest mam ëffentlechen Transport mam Bus N°5 vun der Escher Gare (www.mobilitéit.lu) an d’Organiséiere vun enger Navette vum Parking Aloyse Meyer (hannert dem Cactus Lalleng um Boulevard Aloyse Meyer) vun 10:30-18:45 Auer.
  • Dekoratioun hiergestallt an eisen Atelieren
  • Bréngt Är eege Kierf mat, fir Är Akeef an Är Tombolasgewënn

Adress: 1A, route de Rumelange | L-4309 Esch-sur-Alzette (Plan d’accès)

Wann dir eis wëllt mat engem Don ënnerstëtzen, da kënnt dir dat gären hei maachen: FAIRE UN DON.

Flyer – APEMH Summerfest 2025

A Collaboratioun mat: Special Olympics Luxembourg, Discotisme vun Autisme Luxembourg a.s.b.l., Vespa Club No Limits Esch a.s.b.l.an Dunia Green – Compléments alimentaires et cosmétiques naturels

Search

+