Dëst Joer war d’APEMH als Etap vum Cortège mat dobäi. Um Site vu Betten kruten d’Representanten, d’Personal an d’betréite Mataarbechter Bretzelen ausgedeelt. Uschléissend ass et mat enger Visitt duerch eis Atelier’e weidergaang, wou d’Personal an d’Mataarbechter konnte weisen an erkläre wéi eng Produit’e bei eis hiergestallt ginn.
D’Harmonie vun Harel huet de Cortège musikalesch begleet a fir eng gutt Stëmmung gesuergt.
Jidderengem dee mat dobäi war, en häerzleche Merci.










