D’Notzer hunn Dekoratioun fir d’Beemercher um Chrëschtmaart zu Mondorf gebastelt. Aus Streckpärele goufe Stären, Häerzer an aner geometresch Figure gezaubert.
Den Dag vun der Ouverture ass dunn alles opgehaange ginn. Sie waren all ganz stolz op hiert Wierk a goufen an der Erëffnungsried ernimmt.