Zesumme staark: 2. Platz a Coup de cœur fir eis Konschtwierker

Publié : 05.12.2025

Um Owend vum 3. Dezember, organiséiert vun Info-Handicap Asbl, um internationalen Dag vu Mënsche mat enger Beanträchtegung, war den Zentrum fir selbst-bestëmmt Liewen mat senger Skulptur « Achse der Vielfalt »an den SAJ 2 Nossbierg mat senger Skulptur « Strong 2gether » present am Grand Théâtre.

Et war eis eng grouss Éier dës Skulpture mat esou vill engagéierte Mënschen ze deelen.

Den Zentrum huet di 2. Platz beim Jury-Vote gewonnen an den SAJ2 Nossbierg krut de « Coup de cœur du public ».

Den Owend war wierklech spannend a voller positiver Energie. Mir waren opgereegt, voller Freed a Begeeschterung an hu vill flott Begéinungen a Gespréicher gehat.

Mir sinn onheemlech stolz, datt eis Wierker esou vill Unerkennung kruten. Vill Leit hunn och nogefrot, wéi d’Konschtwierker entstanen sinn a wéi vill Gedanke mir dra geluecht hunn.

Mir gratuléieren och ganz häerzlech dem Team Betzder Yolande Coop, groupe elisabeth fir den 1. Präis!

A mir maachen esou weider: fir Kreativitéit, fir Zesummenhalt an am wichtegste vun allem – fir Inklusioun.

Hei kënnt der Iech d’Konschtwierker nach eng kéier am Detail ukucken.

Search

+