D’Bewunner vum Cliärrwer Haus haten am Mee de Julien vun der EVA-Lebensschule fir e Workshop-Dag op Besuch. Moies goung et em gesond Ernärung a no engem gemeinsame Mëttegiessen hu mir zesumme gekuckt, wéi een am Alldag Energie spuere kann.
De Bewunner huet et gutt gefall, dass si aktiv matschaffe konnten a si wenden en Deel vun deenen neien Informatiounen am Alldag un.
Et war bestëmmt net eise leschte Workshop mat der EVA-Lebensschule.





