Hei ee puer Impressioune vun eisem éischte Wantermaart zu Betten lëschte Samschden de 04. Dezember 2021.
Vill Läit konnten op eise grousse Stänn Gemeisspézialiteiten aus eisen Ateliere vu Lampech, Chrëschtdagsdekoratioun a Kaddosiddien hiergestallt vun eisen Equippe kafen oder Gegrills aus eiser Metzlerei genéissen.