Zënter der Ännerung vun der Verfassung déi den 1. Juli 2023 a Kraaft getrueden ass, si volljäreg Persounen déi ënner Tutelle stinn net méi d’office vum Walrecht ausgeschloss.
Deementspriechend huet d’Walgesetz vum 18. Februar 2003 mussen ugepasst ginn. Dëst ass duerch e Gesetz vum 29. Juni 2023 geschitt.
Niewent dem Walrecht fir Erwuessener déi ënner Tutelle stinn, gesäit dëst Gesetz awer och fir, dass dës Persounen net der Walflicht ënnerleien an domat automatesch entschëllegt sinn am Fall wou si der Convocatioun fir wielen ze goen net nokommen.
Desweidere besteet fir all Wieler den eng dauerhaft visuell, kierperlech, intellektuell oder sensoresch Beanträchtegung huet oder ënner Tutelle steet d’Méiglechkeet, sech beim Wielen begleeden an ënnerstëtzen ze loossen.
Ausserdeem ginn, am Sënn vun der Accessibilitéit, op dem Stëmmziedel bei de Chamber- an den Europawalen gegebenenfalls d’Logo’en vun de politesche Parteien a Kandidategruppéierungen ofgebillt.
Dës a weider Dispositioune sinn den 1. Juli 2023 a Kraaft getrueden a sinn deemno am Kader vun de Chamberwalen vum 8. Oktober 2023 applikabel.
D’ëmgeännert Walgesetz vum 18. Februar 2003 ass ze fannen ënnert:
https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/recueil/elections/20230822