Mam Flexibus si mir Moies vum Nossbierg bis bei d’Gare Esch gefuer. Do hunn mir zesummen den Zuch geholl fir bis an d’Stad Lëtzebuerg. An der Stad si mir zum Beispill d’Gëlle Fra kucke gaangen, de Palais, d’Cathédrale… mir sinn och iwwert de Stater Maart getrëppelt, wou mir vu lauter verschidde Gerécher, lokalem Uebst oder Deko iwwerrascht gi sinn. Et waren och vill Leit ënnerwee. An der Stad selwer si mir mam Tram zirkuléiert, sou ware mir iwwerall ganz schnell. De Lift fir an de Pafendall an de Funiculaire hunn mir och genotzt fir bis op de Kierchbierg, dat war alles eppes Neies fir ons.
Mir haten e schéinen Dag.