De Grand-Duc Héritier Guillaume, d’Prinzessin Stéphanie an de klenge Prënz Charles a Begleedung vun de Ministeren Corinne Cahen a Lex Delles an dem Buergermeeschter vun der Gemeng Bettembourg Laurent Zeimet waren de 5. Mee op Visitt am Parc Merveilleux. Eng flott Geleeënheet souwuel fir de Parc, wei fir d’betreite Mataarbechter an d’Direktioun vun der APEMH d’Entwécklung, den Ausbau, d’Vielfalt vun den Déieren, d’Spiller a besonnesch eis gelieften Inclusioun an de Virdergrond ze setzen.
Mir wënschen dem klenge Prënz Charles alles Léiwes fir säin 2. Gebuertsdag, haut den 10. Mee.
Hei e puer fotografesch Andréck vun der Visitt am Parc a vun den Ateliers