Den Donneschdeg 7. September huet eisen Aarbechtsminister, de Georges Engel, déi Beetebuerger Ateliere’en am Parc Merveilleux besicht. Hei konnt hien sech e flott Bild vun deenen eenzele Beräicher maachen a krut déi am Alldag geleeschten Aarbecht gewisen an déi zukünfteg Projeten erkläert.
