Den 29.06.2014 huet « Dippech hëlleft » zesumme mat der Commission sportive vun Dippech um neien Terrain Bolzplatz zu Betten un der Mess een Turnéier organiséiert.
Um Programm stounge Football a Basketball. Eng 12 lokal Klipp aus der Gemeng hunn sech bedeelegt dorënner den Domaine Agricole vun der APEMH Erkennbar huet d’Equipe sech gemaach mat hire SALER’S Keih T-Shirten. Trotz villem Reen moies, huet d’Stëmmung iwwert den Dag net nogelooss !