Op Initiative vun enger Equipe vu betreite Mataarbechter aus den Ateliere vu Betten ass dës schéin Idee fir eng Spendenaktioun fir d’Affer vun der Ukrain-Kris enstaan.
D’Car-Wash Aktioun vum 25 & 26 Mäerz war e groussen Erfolleg. Bei guddem Wieder a mat vill Spaass goufe fläisseg Autoe gewäsch a Sue gesammelt fir d’Affer vun der Ukrain-Kris. E grousse Merci fir all Spend an un all déi Fräiwëlleg, déi bei der flotter Aktioun gehollef hunn. De ganzen Erléis geet un d’Caritas Lëtzebuerg.
