Scheckiwwerreechung – Pappen a Männer Berdorf

Publié : 03.12.2024

Den 29. November huet eng Scheckiwwerreechung zu Housen an eisen Atelier’e stattfonnt.

D’Pappen a Männer vu Berdorf organiséieren all Joer eng Marche gourmande an hirer Gemeng. D’Entrée, d’Zopp an den Haaptplat déi wärend der Marche zerwéiert ginn, gi vun eisen Atelier’en zu Housen präparéiert.

Säit ville Jore geet den Erléis vun der Marche un d’APEMH. Dëst Joer hunn si beim Kaf vun enger Maschinn fir eis Schlässerei bäigesteiert.

Villmools Merci fir den Don.

Search

+