Haut hunn mir een neie Projet gestart. Zesumme mat engem Grupp vu Mataarbechter vu Lampech ass eis Websäit getest ginn. Mir wëllen dës an Zukunft eisen User och a Liichter Sprooch zur Verfügung stellen. Verschidde Schwéierpunkte sinn ënnert d’Lupp geholl ginn, ewéi zum Beispill:
- d’Navigatioun iwwert den Haaptmenü
- den Opbau vun de Säiten
- d’Recherche Fënster a wéi ee ka schnell eppes sichen
- d’Rubrik mat eise Publikatiounen, Servicer a Produkter
- A villes méi…
Et war ee ganz intressanten Echange wou och nach aner flott Iddien entstane sinn.