Am Kader vum Projet „ Paint to be happy » deen an Zesummenaarbecht mat 12 ième’s Schüler aus dem Lycee Technique de Lalleng dem Service d’Activités de Jour (SAJ) a Centre de Jour stattfonnt huet, si mir frou eng Somme vun 337 € dierfen entgéint ze huelen, déi duerch de Verkaf vu gemeinsam entstanene Wierker stammt.
Dëse Projet huet an der Fues- an Ouschtervakanz 2017 am SAJ stattfonnt.
D’Schüler hunn de Kontakt zu eis opgeholl an sech engagéiert fir an e puer Nomëtteger zesumme kreativ Wierker entstoen ze loossen. Dës Wierker waren am Mee 2017 um Belval an der Passerelle ze gesinn a verkaf ginn.
Mir soen hinnen villmols merci.