D’lescht Woch gouf a feierlecher Ronn eng Projet-Konventioun tëscht der AEHDL an der APEMH ënnerschriwwen. Déi Verantwortlech vun der AEHDL hunn eise Projet « Développer les compétences médiatiques numériques des jeunes en situation de handicap » zréckbehalen an ënnerstëtzen d’Ëmsetzung vun dësem Projet mat engem Montant vu 70.000 €.
Mir soen e grousse Merci fir d’Vertrauen a freeën eis de Projet nächst Joer ze starten.
Op dësem Link fann Dir weider Detailer: https://www.aehgd.lu/les-jeunes-handicapes-et-les-nouveaux-medias/