{youtube}SqOV6Ofh53s{/youtube} |
Loosst Iech vun dëse wonnerbaren Talenter verzauberenZe gesinn, sinn Ausschnëtter vun deene verschidde Workshop’en, déi zum Schluss zu engem Ganzen zesummegesat gi sinn, ënnert der kënschtlerescher Leedung vum David Galassi. Et handelt sech hei ëm den inklusive Rap Projet am Kader vum Kufa’s Urban Art.
De Beat ass vun deene Jonken aus den Dagesstrukture vun der APEMH – SAJ (Service d’Activités de Jour) vun Esch an dem Sonnenhaus vu Klierf erstallt a vum Cehashi zesummegesat ginn.
De Rap ass vun deene Jonken aus dem Escher Jugendhaus geschriwwen a virgedroe ginn mat der Ënnerstëtzung vum David Galassi an dem Marc Chris Escher Jugendhaus.
D’Choreographie ass vun deene Jonken aus dem Hariko an dem SAJ astudéiert ginn ënnert der Leedung vum Jo Yoncé.
D’Kostümer an Defilé sinn ënnert der Leedung vum Emilia Rota an deene Jonken aus dem Hariko erstallt a virgedroe ginn.
De Video ass vun Les Courtisans an deene Jonken aus dem Escher Jugendhaus opgeholl, verschafft a realiséiert ginn.
All eenzel Kreatioun aus all Workshop huet sech zesumme gesat an ee fantasteschen Optrëtt um Summerfest vun der APEMH an um Urban Art Festival vun der Kulturfabrik Esch-sur-Alzette virgedroen.
Ee Grousse MERCI nach eemol un all eenzelen deen zu dësem Projet bäigedroen huet an der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte fir hier finanziell Ënnerstëtzung. |