Presenz a Stand op der Semaine de la santé affective am Forum Geesseknäppchen

Publié : 23.10.2023

Am Kader vun der Semaine de la santé affective et sexuelle war den 19.10.23 am Forum Geesseknäppchen eng Presentatioun vun CESAS, wou eng Mallette mat pedagogeschem Material zum Thema Sexualitéit, au sens large, virgestallt gouf.

Iwwert de ganzen Dag hat een d’Méiglechkeet, déi verschidden Themeberäicher un Hand vun den entspriechenden Tools auszetesten.

Ausserdeem hate mer d‘Geleeënheet op engem Stand d’APEMH mat hire Servicer a pedagogescher Approche ze representéieren. Mir haten zousätzlech och eegent Material matgeholl, dat mer zum Thema Sexualitéit benotzen.

Et war en interessanten Austausch mat vill praxisorientéiertem Input.

Zum Schluss huet all Participant eng Mallette matkritt, sou dass mer och weider dat ganzt wichteg Thema vun der Sexualitéit an eiser ganzheetlecher Approche an der Begleedung vu Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung notze wäerten.

Search

+