Mam ëffentlechen Transport, Tram a Funiculaire ass et a Richtung Pafendall gaang – op déi spannend Atelieren vum LUGA Lab – Exploration artistique et sociale.
Dëse kreative Projet gouf vum Grupp mon’ok & cie organiséiert an huet eis an eng Welt vu Musek, Beweegung a kreativer Ausdrocksfräiheet matgeholl.
Den Emmanuel huet op sengem Kontrabass gespillt, begleet vun der Sayoko, senger engagéirter Assistentin. An engem grousse Kreess hu mir zesumme Musek gemaach – ofwiesselnd um Instrument gespillt, gelauschtert a fräi no Loscht an Laun gedanzt.
Et war eng fräi, inspiréierend Atmosphär voller Freed a Kreativitéit – a mir haten richteg vill Spaass dobäi!







