News aus den Ateliers vu Lampech

Publié : 28.12.2022

2022 ass et gutt um Chantier vun dem Atelier zu Lampech weidergaangen. Baussen em den Atelier ass bal alles fäerdeg, an d’Gäertnerei konnt schonns ufänke mat de Plantatioune ronderëm d’Gebaier. Et kennt och e groussen Insektenhotel ob de Site.

De Geméis-Atelier gouf weider entwéckelt a flott Rezepter sinn entstanen, déi am Verkaf mëttlerweil fest dozou gehéieren.

Den Atelier Sous-Traitance huet seng Palette u Produkter weider ausgebaut. an ass ganz kreativ a produzéiert an der Tëschenzäit vu Käerzen, Porte-clé, Feierholz, Feieranzünder bis hin zu Leckerlie fir Hond a Katz ëmmer erëm Neies.

An de lëschte Woche gouf d’Wäscherei ageriicht an di nei Maschinne getest, esou datt am Laf vun 2023 kann ugefaange gi fir de Client ze schaffen.

Ab Januar 2023 kann de CPP ufänken seng nei Raimlechkeeten anzeriichten.

An der zweeter Hallschent vun 2023 sollen dann d’Kichen, d’Biscuiterie an de Buttek fäerdeg ginn.

Search

+