Säit Oktober 2022 gëtt en neien Atelier fir Liicht Sprooch an inklusiv Kommunikatioun geplangt. Den Atelier isie hëlt esou lues Gestalt un. De Setz vum Atelier ass zu Lampech. Als mobillen Atelier ginn d’Aarbechten awer op de verschiddene Site gemaach. Zu den Aarbechte gehéieren:
- Texter vu schwéier a Liicht Sprooch schreiwen
- Infoen (Texter, Videoen asw.) a Liichter Sprooch préiwen
- Zeitung vun den Ateliere schreiwen
- Formatiounen iwwer Liicht Sprooch mathalen
- Erklärungsvideoe maachen