D’Ekipp vun der UFEP freet sech Iech kënne matzedeelen, dass et ab elo méiglech ass, sech iwwert eise Site an d’Formatioune vum nächste Joer anzeschreiwen!
Wéi Dir wäert gesinn, hunn mir net nëmmen en neien Aschreiwungsprogramm, mee och eng nei Websäit, déi mir am Laf vun den nächste Wochen a Méint ëmmer weider wäerten ausbauen an aktualiséieren.
Wat muss een elo maachen, fir sech an eng Formatioun anzeschreiwen? Als éischt musst Dir ee Compte erstellen, fir d’Formatiounen, un deenen Dir wëllt deelhuele kënnen an de „Panier“ ze leeën. Dir kënnt dann auswielen, wéi en Menü der iesse wollt. Ofschléissend klickt Dir op „Passer au paiement“ a confirméiert Är Aschreiwung.
Tutorial – Aschreiwung fir eng Formatioun
De Virdeel dovun, ee Compte fir d‘Aschreiwungen ze hunn, ass, dass een eegestänneg Zougrëff op Informatiounen huet wéi z.B. d’Certificate vun de Formatiounen, déi ee gemaach huet, oder vun de Facturen, déi nach musse bezuelt ginn.
Mir wënschen Iech vill Spaass beim Entdecke vun eisem Formatiounsangebot an de sëllege Méiglechkeeten, déi den neie Programm mat sech bréngt!
Falls Dir Froe sollt hunn kënnt Dir eis wéi gewinnt via info@ufep.lu oder d’Telefonsnummer (+352) 37 91 91-245 kontaktéieren!
Eng schéin Adventszäit a wonnerbar Feierdeeg wënscht Iech
D’Ekipp vun der UFEP