Nationalt Austauschtreffe fir Référente vun der Inclusioun

Publié : 29.03.2023

Den 22. Mäerz huet den INCLUSO, an Zesummenaarbecht mam SEA Ribeschpont vun Diddeleng déi 15ten national Plattforme d’Echange de bonnes pratiques fir Référent Pédagogiques Inclusion (RPI) organiséiert.

D’Iddi vun dëse Plattformen ass et, de Léit vum Terrain déi di nämmlecht Funktiounen hunn, en Austausch ënnert eneen ze erméiglechen. Och geet et drëms, wéi ee säi Roll ass RPI beschtméiglech kann ausfëllen, wat flott Beispiller sinn a wéi een sech géigesäiteg kann hëllefen a beräicheren. Thema zu Diddeleng am Ribeschpont war „Reseausaarbecht aus der Sicht vum SEA“.

No engem themateschen Einstieg vu Säite vun der Gemeng Diddeleng, ass et weider gaange mat engem Rallye. Wärend dem Rallye konnten Teilnehmer de Reseau vum SEA lues a lues gemeinsam als Mindmap um Buedem erstellen. Dobäi huet jidderee konnte vum Wëssen an den Erfarunge vun deenen anere profitéieren.

Hei fann dir en puer Andréck vun dem flotte Moien. En grousse MERCI nach eemol un de SEA Ribeschpont, dat dir dee Moien de Grupp sou virbildlech wëllkomm geheescht a bekäschtegt huet, an dat dir är Dieren deenen Intresséierten opgemaach huet.

Search

+