Am Abrëll a Mee hate mir ee musekaleschen Inklusiounsprojet zesumme mam Cycle 2.1 an 3.1 vun der Maison Relais Kayl. Bei dësen Treffen hate mir d‘Geleeënheet ons iwwert de Medium vun der Musik besser kennenzeléieren. Ons huet dat alleguer super gefall a mir géifen ons op zukünfteg Projete mat hinne freeën.
Mir soen der Maison Relais Kayl villmools Merci fir déi cool Zesummenaarbecht!




