De 17. Abrëll hunn sech 6 Leit vum SAJ 2 mam SAE Kayl getraff, fir e Museksprojet ze starten. De Projet geet iwwer Inklusioun a Sensibiliséierung zu Leit mat enger Beanträchtegung.
D’Zil ass, sech géigesäiteg ze akzeptéieren, vu gemeinsamen Interessen a Ressourcen ze profitéieren an d’Bedürfnisser vun aneren ze erkennen an ze respektéieren.
Mir wëllen zesummen eppes Musikalesches op d’Been setzen, wou mer gemeinsam Spaass hunn a Beréierungsängscht léise wäerten. Am ganze sinn 3 Deeg geplangt, wou mir ons mam SAE Kayl treffen. Beim éischten Treffen hu mir eis kennegeléiert an eis musikalesch Gemeinsamkeete gedeelt, op déi mir opbaue wäerten.
