Marche populaire um Centre Nossbierg

Publié : 17.02.2014
AG_FLMP.jpg

Samschdes den 21. Juni 2014 ab 7 Auer moies

D’APEMH als Member vun der Fédération Luxembougeoise de la Marche Populaire (FLMP) huet en Samschden un der Assemblée générale vun der FLMP participéiert. D’FLMP regroupéiert 50 Club de marche. Quasi all Weekend gëtt eng IVV Wanderung vun engem Club organiséiert. 2013 hunn eng 64000 Leit un dëse Wanderungen deelgeholl.
D’Marche vum Centre Nossbierg di 2013 stattfonnt huet hat 425 Persoune verzeechent. Och dëst Joer organiséiert de Club de Marche vum Centre Nossbierg eng Marche am Kader vum Summerfest an zwar Samschdes den 21. Juni 2014.

 

 

Fir weider Infos – Download Flyer

Den Erléis vun der Marche a vum Summerfest gëtt genotzt vir nei Projet’en ze realiséieren.
Mam Erléis vun de leschte Joeren gëtt eng Spillplaz gebaut um Centre Nossbierg vir Kanner vun de verschiddene Servicer.

 

Search

+