Lampecher Buttek

Publié : 10.04.2024

Den 2 Mee geet eise Buttek zu Lampech op.
An eisem Buttek verkafe mir ënnerschiddlech Saachen aus eiser eegener Produktioun.

  • Frëscht Geméis aus dem Lampecher Gaart
  • Zoossen, Weck-Geméis oder och Sirop a Jus
  • Mëtschen, Kuch a Kichelcher
  • Hond- a Kaze Leckerlis
  • Bitz-Saache fir Mënsch an Deier

Natierlech kritt dir och weider aner Produkter aus den Atelier vun der APEMH, esou wei regional a lokal Produkter ze kafen.
Zudeem kenn dir an eisem Kaffi-Eck gemittlech eng Täertchen oder soss e Kichelche genéissen.

Eis Ëffnungszäite sinn:

  • Vun Dënschdeg bis Freideg vu 7.30 bis 18.00 Auer
  • Samschdeg vun 8.00 bis 12.00 Auer

Mir freeën eis iech bei eis begréissen ze kennen. D’ Equippen aus dem Atelier Lampech.

Lampecher Buttek
88-94, rue de Soleuvre  –  L-4499 Limpach

 

 

 

Search

+