Den 8. an 9. Juni ass et erëm esou wäit: De KonschTour zu Veianen, organiséiert vu ViArt a.s.b.l., geet an déi nächst Ronn! Dësen Trëppeltour féiert Iech duerch verschidde Konschtausstellungen, lokal Gastronomie an aner kulturell Highlights.
Dëst Joer mécht och d’APEMH seng Dieren op an der renovéierter aler Schräinerei an ass Deel vum KonschTour! Kommt eis besichen op dem 20-22, rue du Sanatorium zu Veianen. Fir jiddereen, deen sech eise Wunnkomplex zu Veianen a speziell déi al Schräinerei emol wëll ukucken, ass dëst eng flott Geleeënheet dat mam Konschtrallye ze combinéieren.
