INCLUSO

Publié : 14.11.2022

De Centre de Ressources pédagogiques et formatives INCLUSO hellt dëst Joer ob en néits un der nationaler Konferenz vun der non-formaler Bildung vun de Kanner, den 17te November deel.
Thema vun der 11ter Konferenz ass:  Im Zusammenleben stark werden-  Sozial-emotionale Kompetzen in der non-formale Bildung.

Um Stand vum INCLUSO kennen sech déi professionell Teams aus de Services d’Education et d’Accueil iwwert dem INCLUSO seng Offeren informéieren, an den Austausch kommen an sech divers Materialien ukucken.

Dëst Joer féiert den INCLUSO seng 10 Joer. Am Cadre vun dem Gebuertsdag huet den INCLUSO eng Publikatioun iwwert 10 Joer Inclusioun am non-formale Beräich an 10 Joer INCLUSO eraus bruecht. De Stand steet deemno dëst Joer ganz am Zeeche vun dësem Anniversaire an vun der Publikatioun, déi sech Participants un der Konferenz kenne mat Heem huelen an/oder sur-place entdecken. Dir fannt méi Informatiounen iwwert dës Broschür am nächsten Newsletter vun der APEMH.

11e Conférence nationale sur l’éducation non formelle

Search

+