INCLUSO – 10 Joer am Service vun der Inclusioun

Publié : 02.12.2022

Den INCLUSO feiert säi Gebuertsdag an deem hien sech Zäit hëlt fir e Réckbléck. Mir zéie Bilan vun dem, wat mir déi läscht 10 Joer geschafft hunn. D’Offere vum INCLUSO hunn sech wärend deenen 10 Joer staark verännert a weiderentwéckelt. Dëst ëmmer en Fonction vun de reelle Besoins vun deene Léit, déi mir begleeden an ënnerstëtzen. Mir zéien och Bilan dovunner, wéi sech d‘Inclusioun an de SEA  deene 10 Joer, ënnert anerem duerch eis Begleedung, entwéckelt huet. Mir trauen eis souguer, e Bléck an d’Zukunft ze werfen.

Konkret huet den INCLUSO eng Publikatioun erausbruecht, wou Dir am Detail kënnt no liesen, wéi eng Projeten, Offeren, Interventiounen, Partnerschaften an Entwécklungen den INCLUSO iwwert déi läscht Joren en Place gesat huet.

Mir lueden Iech an deem Sënn ganz häerzlech an, e wéineg an der Publikatioun ze stöberen.

Brochure – 10 ans au service de l’inclusion (FR)

Incluso – Timeline

Incluso – Réseau et partenaires

Search

+