Inauguratioun vun eiser neier Wunnstruktur « Haus Näidsen »

Publié : 29.01.2025

Gëschter, den 28. Januar ass eis nei Wunnstruktur « Haus Näidsen » offiziell ageweit ginn, a Presenz vu ganz villen Invitéen.

Een éischten offiziellen Deel co-moderéiert vum Michèle Racké, Generaldirektesch vun der APEMH a vum Mario a vum Claude, 2 Bewunner aus dem Haus, matt Interventioune vum:

  • Här Romain Kraemer, President vun der Fondation APEMH
  • Här Romain Wester, Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen,
    an dem
  • Här Max Hahn, Familljeminister

Uschléissend ass et mat enger Visitt vum Haus weidergaangen. D’Bewunner vum Haus hunn sech gefreet fir de Leit a speziell dem Minister Max Hahn hiert neit doheem ze weisen.

D’Haus Näidsen ass eng Wunnstruktur aus eiser Offer « Logement communautaire avec assistance complète » a riecht sech u Leit mat enger méi schwéierer Beanträchtegung an eeler Leit. D’Haus matt sengen zwou Wunngruppen huet Platz fir 18 Bewunner. Am Haus selwer gëtt et och nach ee « Service Soutien et Thérapeutique », deen Fräizäit-Angeboter mëscht fir Bewunner vun all de Wunnstrukturen aus dem Norden.

Mir soen jidderengem Merci deen mat um Projet bedeelegt war.

Communiqué de presse (FR & DE)

Artikel – Tageblatt – 30.01.2025 (DE)

Search

+