De Matrix a seng Meeschtesch d’Bruna vun der ASA (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn asbl) kommen all Donneschden bei eis an de Centre de Jour op Mondorf. De Matrix ass ee schwaarze jonke Labrador a gëtt als Therapiehond agesat. D’Bruna an de Matrix sinn ee super Team an hie follegt ob d’Wuert. Wann si ukomme kritt dann all Notzer vum Matrix Moie gesot, déi eng Woch ass et de Grupp 1, déi aner Woch de Grupp 2.
Hien gëtt da mat Leckerli’en gelackelt a geet schnoffelen oder et gëtt och emol ofgeleckt. D’Bruna huet dann ëmmer verschidde Spiller virbereet, z.B. mussen eis Notzer eppes schéissen an de Matrix geet et sichen. Bréngt de Matrix et zeréck dierfen si him ee Leckerli ginn. Si sinn all ëmmer begeeschtert wann de Matrix kënnt a freeën sech ob seng naass Schnuff.