Halloween um Nossbierg

Publié : 13.11.2024

Matt schaureger Musek a Séissem am Gepäck si mir zesumme vun Haus zu Haus gespuukt, hu Bonbon’e verdeelt an awer och kritt.

Nomëttes gouf zesumme mam SAJ1 am Iesssall richteg geféiert: Bei gudder Musek a grugelesch leckerem Buffet hu mir Halloween all Éier gemaach. Natierlech Bedarf et e bëssi un Organisatioun, fir esou eng Parade/Party ob d‘Been ze stellen. An Zesummenaarbecht, huet all Grupp vum SAJ säin Deel geleescht: Net nëmmen d‘Snacks an d‘Bowlen huet d‘Personal zesumme matt de Léit preparéiert, mee och de Weenchen an den Iesssal sinn dekoréiert ginn. Fläisseg gouf gebastelt, geschnidden a gepecht.

Search

+